Aktioun Gielt Band

Ze gutt fir futti goen ze loossen, dofir: Zerwéiert Iech!

Aktioun „Gielt Band“ vum Landwirtschaftsministère

D’Uebst schmaacht am beschten, wann een et selwer gepléckt huet. Mee dat däerf ee just a sengem eegene Bongert. All Joer verfaulen awer kiloweis Äppel, Bieren, Quetschen etc. op an ënnert de Beem an de Wisen a Gäert. Dat si verbëtzte Liewensmëttel. Doraus kéint een och Viz pressen, Gebeess oder Kompott kachen, domat baken a nach villes méi.

Mat der Aktioun „Gielt Band“ rifft de Landwirtschaftsministère d’Biergerinnen an d’Bierger dozou op, sech op eng flott a nohalteg Manéier géint d’Liewensmëttelverschwendung ze engagéieren. D’Gemengen, déi bei der Aktioun matmaachen, markéieren déi entspriechend Uebstbeem mat engem giele Band. Jiddereen dee well däerf da gratis, fir den eegene Gebrauch, Uebst vun deene Beem plécken an dat wat ënnendrënner leit rafen.

Nieft de Gemenge kënnen och Privatleit, Veräiner an Entreprisen hier Uebstbeem der Ëffentlechkeet zur Verfügung stellen. Fir de Fall, datt d’Uebstbeem hannert dem Haus stinn oder de Bongert ofgeleeë läit, kann ee sech Schëlder bestellen – grad wéi déi giel Bännercher per E-Mail un antigaspi@ma.etat.lu.

Dernière modification le 26/06/2025

Des articles de la même catégorie

de Schoulbuet 2026/27

de Schoulbuet 2026/27

L'édition 2026/27 du Schoulbuet vient de paraître et sera distribuée aux élèves pour la rentrée. Vous pouvez consulter ci-dessous la version digitale:

lire plus
Eischt Hëllef Couren am CIS-Remich

Eischt Hëllef Couren am CIS-Remich

Den CGDIS Réimech organiséiert dëst Joer nach 5 Éischt Hëllef Coure am Zentrum Réimech (3, Op der Kopp L-5544 Remich) Dëst sinn ëffentlech Couren a si Gratis. Umellen kann ee sech wwert d'Internetsäit vum CGDIS, nom Prinzip first come first served.   D'Course...

lire plus
Aller au contenu principal