
Bicherbus
Fir d’Bicher an d’Liesen ze promovéieren fiert de Bicherbus, eng Bibliothéik op Rieder, queesch duerch d’Land.
De Bestand vum Bicherbus ëmfaasst iwwer 70.000 Dokumenter, dorënner Bicher, Lauschterbicher an DVDe fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener.
D’Dokumenter déngen der Weiderbildung, der Fräizäitlecture an der kultureller Beräicherung.
Dir kënnt iech um Site vun der Bibliothèque nationale du Luxembourg gratis aschreiwen an Bicher reservéieren an hei um Arrêt ofhuelen.




